No vill Polemik an de leschten Deeg ronderëm déi geplangt Vëlos-Maniff an der Stad, war et um Samschden esou wäit...

Op Initiativ vun der ProVelo asbl hate sech honnerte Leit mat hire Vëloen um Helleggeeschtplateau getraff fir vun do aus e groussen Tuer bis op de Lampertsbierg ze fueren. Symbolesch sollt esou op d’Problemer fir Cyclisten am Verkéier opmierksam gemaach ginn.

Den Depart vun der Manif vun den iwwer 500 Cyclisten an der Cité Judiciaire huet ëmsou méi eng Bedeitung kritt, nodeems d’asbl ProVelo an d’Gemeng Lëtzebuerg sech jo net eens iwwert den Trajet waren an d’Manifestatioun op zwee Rieder bal annuléiert gi war. Schlussendlech haten d'Initiateure vun der Vëlosmaniff noginn an dem Wee vun der Stater Buergermeeschtesch zougestëmmt. D’Haaptsaach et konnt ee seng Fuerderunge fir méi Sécherheet am Vëlosverkéier lass ginn. Et géif drëms goen dass de Vëlo eescht geholl  gëtt, esou d’Monique Goldschmit, Presidentin vun der ProVelo asbl.

Symbolesch fir op d’Defisen am ganze Land opmierksam ze maachen, sinn déi honnerte Cyclisten um Samschde begleet vun der Police duerch d’Stad gefuer, mat vereenzelten Arrêten op Plazen, wou speziell eppes fir de Vëlo misst ënnerholl ginn.

Vu ville gouf kritiséiert dass haut op Uerder vun der Gemeng a Police déi „sécher“ Weeër duerch d’Stad gefuer goufen. Gären hätt ee mam Vëlostour op d’Knackpunkte wi d’Avenue Marie-Thérèse a verschidde Plazen zu Bouneweg opmierksam gemaach. Mat der Unzuel u Participante waren d’Initiateure vun der Vëlosmaniff awer zefridden.