D'Beetebuerger Gare kritt eng nei Passerell. Ugefäerdegt gëtt d'Stolkonstruktioun awer net zu Lëtzebuerg, mä hei vir an Däitschland.

Déi gréissten Hürd ass um Enn awer den Transport zeréck. Dee muss vun Tréier bis op Mäertert iwwert d'Musel duerchgefouert ginn, well d'Stecker fir de Stroossentransport ze grouss sinn. D'Autobunn a Richtung Lëtzebuerg ass nämlech keng Optioun. Dat ass eigentlech déi eenzeg Streck, déi fir esou Moossen a Fro kënnt. Mir sinn awer leider ze héich. Et ginn ënnerwee e puer Brécken, déi einfach ze niddreg sinn, fir mat der Passerell drënner duerch ze passen, erkläert eis de Stephan Adams, deen zanter 9 Méint mat senger Transportfirma de Projet begleet.

RTL

© Bohlen AG

Fir dass den Transport um Enn och ouni Problemer klappt, musse vill Acteure scho wäit am Viraus mat an d'Organisatioun an d'Produktioun abegraff ginn. Bal 70 Tonne weit d'Charge, déi mam Schëff zu Mäertert ukënnt. Vun do aus geet et mam Camion weider an d'Lackéierung. Iwwert de Summer wäert d'Passerell dann zu Beetebuerg montéiert ginn. Dozou gehéiere 4 Trapenelementer a 4 Lifter, déi den Zougang zu deene verschiddene Quaie vereinfache wäerten. Am Dezember soll d'Passerell opgoen.

Och d'Firma, déi fir de Stolbau vun der Konstruktioun zoustänneg ass, muss e strikten Zäitplang anhalen. D'CFL hunn nämlech schonn zimmlech fréi missten Ofspärunge vun de Gleiser ufroen, wärend deenen d'Passerell montéiert ka ginn.

Vun dohier rechne sech dann all d'Zäiten zeréck. Zäite fir d'Virmontage, Zäite fir d'Lackéierung, Zäite fir d'Transporter..., esou de Jörg Marx, technesche Koordinator vum Stohlbau.

Mir waren eis ukucken, wéi esou en opwännege Spezialtransport iwwert d'Musel ofleeft.