Déi zwee Transportbetriber Arthur Welter a Bolloré Logistics hunn zesumme mat Total Energies en Dënschdeg de Moien zu Beetebuerg eng Première gefeiert.

Se hunn deen éischte Camion zu Lëtzebuerg virgestallt, deen zu 100 Prozent mat Biodiesel bedriwwe gëtt. Dëse Biosprit gëtt aus verschiddene biobaséierte Reschtstoffer an Offäll produzéiert. D'Zil ass et, domadder seng CO2-Emissiounen ëm 90 Prozent ze reduzéieren. Dat ass eng Première hei am Land. Den Transportbetrib Artur Welter hat och Total Energies beoptraagt, eng Biodiesel-Pompel am Centre Routier Sécurisé zu Beetebuerg z'installéieren. Hei kann elo erneierbare Biosprit getankt ginn.

An engem Pilotprojet fiert d'Gefier vu Bolloré Logistics dräimol d'Woch vum Fluchhafe Lëtzebuerg op de Fluchhafe Paräis-Roissy Charles de Gaulle. Aner Strecken ewéi nach Amsterdam a Frankfurt sollen nokommen. Bolloré Logistics wëll seng CO2-Emissiounen bis 2030 ëm 30 Prozent am Verglach zu 2019 reduzéieren.

Enttäuscht sinn d´Betriber vun der Tatsaach, datt de Biodiesel trotz senger bal 90-prozenteger CO2-Reduzéierung genau esou besteiert gëtt wéi den Diesel aus Mineral-Ueleg.