De fréiere Konzernchef Winterkorn an 3 weider Ex-Topmanager bezuele wéinst dem Dieselskandal, zesumme mat hiren Assurancen Rekordentschiedegungen u VW.

Am ofschléissenden Accord gouf sech op eng Zomm vu knapp 288 Milliounen Euro gëeenegt. De fréiere Konzernchef Martin Winterkorn muss dovunner 11,2 Milliounen Euro bezuelen.

Den Ex-Audi-Chef a VW-Konzernvorstand Rupert Stadler soll selwer 4,1 Milliounen Euro iwwerweisen.
De Wolfgang Hatz (Porsche) steiert 1,5 Milliounen Euro bäi, de fréieren Audi-Manager Stean Knirsch 1 Millioun Euro.

De Recht geet op d'Käschte vun den Assurancen. Wéi VW mellt, wieren dat alles an allem 270 Milliounen Euro. Bei de Verhandlunge waren nieft den Affekote vun de fréiere Manager och iwwer 30 Assurancë bedeelegt.