Ënnert deem Motto haten Déi Lenk vun der Stad e Mëttwoch eng Aktioun zu Bouneweg.

Ganz geféierlech kann et sinn, wann een ze séier ënnerwee ass. 30 ass déi nei 50 - d'Kanner soen iech Merci!
Ënnert deem Motto haten Déi Lenk vun der Stad e Mëttwoch eng Aktioun zu Bouneweg.

D'Partei setzt sech fir eng Generaliséierung vun Tempo 30 op Stater Gebitt an. Et wier erwisen, dass dat de Bremswee verkierzt, wat virun allem d'Gefor vu schroen Accidenter notamment fir Kanner erofsetzt. Och de Kaméidi vu Gefierer hëlt of. Zu Bréissel, wou iwwerall ausser op de groussen Achsen 30 gëllt, wier d'Zuel vun Accidenter an den éischte 4 Méint vum Joer vu ronn 800 am Joer 2020 op eppes iwwer 600 dëst Joer zeréckgaangen.