Um Zuchreseau geschéien een Drëttel vun den déidleche Kollisioune bei enger Barrière.

Autosfuerer a Foussgänger sinn allgemeng presséiert a passe vill ze wéineg op. Réischt am Abrëll koum et zu Kautebaach zu enger Kollisioun tëschent Zuch a Camion.

Fir dësen Accidenter entgéintzewierken, gëtt et en speziellen Dag: den International Level Crossing Awareness Day. Déi 13. Editioun vum ILCAD ass iwwregens dësen 10. Juni.
Ziel vun dësem Dag ass et, d’Leit ronderëm d’Welt op d’Geforen op de Schinnen a bei de Barrièren opmierksam ze maachen.

"Zanter 2016 an 2021 hate mir zwee déidlech Accidenter tëschent dem Stroossentrafic an den Zich, déi bei enger Barrière geschitt sinn. Mir haten an der selwechter Zäit 10 Accidenter, an deenen Trakteren a Camionen involvéiert waren. Insgesamt ass 419 Mol en Aarm vun enger Barrière bei engem Virfall ewech gerappt ginn", erkläert eis d'Sandy Nonnweiler vun der CFL.

Fir jiddereen, deen d’Barrière bei rouder Luucht passéiert, kann et richteg deier ginn. 2 Punkten an 145 Euro verléiert een als Autoschauffer, op de Foussgänger komme souguer bis zu 3.000 Euro duer.

An trotzdeem kënnt et zu Lëtzebuerg nach vill ze dacks zu Virfäll bei de Barrièren.

Wou zu Walfer soss ëmmer eng Barrière war, ass elo eng Unterfürung.  Net wäit fort, zu Luerenzweiler, sinn och schonn d'Aarbechten, fir en Tunnel ënnert de Schinnen ze gruewen, am Gaangen. Fir d'Sandy Nonnweiler an d'CFL gëtt et just eng kloer Äntwert, wéi een d'Barrièren an Zukunft méi sécher maache kann:

"Eng sécher Barrière ass eng Barrière, déi vun eis suppriméiert gëtt. Dofir hunn mir zanter Jore schonn en komplette Programm. Dëse gesäit vir, dat pro Joer am Duerchschnëtt zwou Barrièren ewech geholl ginn. Tëschent 2015 an 2020 waren dat 25 Stéck."

Am Reportage weise mir Iech zousätzlech nach en Lëtzebuergesche Chauffer, deem säi Camion virun annerhallwem Joer vum Zuch erfaasst gouf. Donieft erkläre mir, wéi eng Barrière iwwerhaapt funktionéiert.