Bis Enn November ass de Knuedler nach just fir Abonenten op. Dat gouf e Mëttwoch um City Breakfast annoncéiert.

Wien an den nächste Méint wëll mam Auto an d’Stad kommen, wäert et nach méi schwéier kréien, eng Parkplaz ze fannen. Ënner anerem de Parking Rousegäertchen an de Parking Saint-Esprit si komplett gespaart. De Parking Knuedler huet nëmmen eng limitéiert Kapazitéit. Vun e Méinden un awer geet och dëse ganz zou, an dat bis Enn November, wéi déi Stater DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer um City-Breakfast annoncéiert huet. Just fir d’Abonnente wäert en accessibel bléiwen. Dono geet en erëm schrëttweis op, vu Mee 2023 u sollen dann insgesamt 750 Plazen ënnert dem Knuedler zur Verfügung stoen.

E weidere Sujet war d'Ziele vun de Foussgänger-Fluxen um Terrain vun der Stad. Doduerch, dass gewosst wier, wéi d’Foussgänger sech beweegen, a wéi vill et der sinn, wieren interessant Réckschlëss méiglech, seet den CSV-Schäffe Serge Wilmes. Sou kann een dem Commerce hëllefen, hir Offer unzepassen, bei grousse Manifestatioune kann een e bessert Sécherheetskonzept garantéieren, den Afloss vu Chantiere kann analyséiert ginn, an och Facilitéiten, wéi Bushaisercher, Poubellen oder Toiletten, kéint een op strategesche Plaze placéieren. Et gouf decidéiert, fir op de System vun de Wifi-Antenne vun der Stad zréckzegräifen. Där ginn et eng 800 Stéck um Gebitt. All Device, wéi e Computer oder Smartphone, dee sech mat engem Reseau connectéiert, schéckt Daten aus, déi verschlësselt erfaasst ginn. Et wieren awer keng Réckschlëss op de Proprietäre méiglech an alles datenschutzkonform, ënnersträicht de Serge Wilmes.

D’Buergermeeschtesch ass dann och nach eng Kéier kuerz op d’Bonge fir d’Schnelltester agaangen, déi d’Stad gratis un den Horeca-Secteur an u Privatpersoune verdeelt huet. Mat dëse kënnen d’Leit sech da gratis teste goen a kréien en Zertifikat. Dësen ass zwee Deeg valabel. Ronne 37.000 esou Bonge goufe verdeelt, awer net emol 5.700 ageléist. Grond dofir kéint sinn, datt d’Leit bei schéinem Wieder Terrasse virgezunn hunn, oder datt d’Leit aus dem Horeca-Beräich net vill Bongen un hir Clientë weiderginn hunn, sou d’Spekulatioun vun der Buergermeeschtesch. Op d’mannst bis de 15. Juli wäert d’Aktioun awer nach weiderlafen. Duerno wëll ee sech der Situatioun upassen.

De Communiqué vun der VDL iwwer de Parking um Knuedler

Fermeture du parking Knuedler de mi-juin à fin novembre 2021

La Ville de Luxembourg tient à informer le public que le parking Knuedler sera fermé du 21 juin 2021 (05h00) à fin novembre 2021 dans le cadre des travaux de rénovation et d’extension, excepté pour les abonnés long terme. Une signalisation afférente sera mise en place aux abords du parking.

La Ville tient à rappeler qu’il reste toujours des places disponibles dans d’autres parkings de la Ville Haute et à proximité des commerces, dont notamment :

  • Parking Monterey, disposant de 340 places
  • Parking Royal-Hamilius, disposant de 354 places
  • Parking Théâtre, disposant de 335 places
  • Parking Rond-Point Schuman, disposant de 200 places du lundi au vendredi et de 400 places le weekend.

Afin de guider les automobilistes au mieux vers les emplacements libres et de connaître avec précision et en temps réel le nombre de places disponibles, la Ville recommande aux usagers de la route de s’orienter au système de guidage dynamique (Parkleitsystem) et de consulter le taux d’occupation des parkings dans l’application mobile cityapp – VDL, sur parking.vdl.lu ou sur maps.vdl.lu

La Ville de Luxembourg remercie le public de sa compréhension pour d’éventuels désagréments.

Information communiquée par l’Administration communale