De Maximalpräis fir de Liter Bensinn geet en Donneschdeg um Hallefnuecht ëm 1,7 Cent erop.

De 95er Bensinn wäert also ëm 1,7 Cent op dann 1,318 Euro de Liter klammen. Duerch d'Hausse vun 1,7 Cent klëmmt de Maximalpräis vum Liter 98er op 1,387 Euro.

De Präis vum schwiefelaarme Masutt (50 ppm) gëtt ëm 1,5 Cent méi deier a kascht vun en Donneschdeg Hallefnuecht un 0,663 Euro de Liter.