Zanter de leschten Héichuewen am Juli 1997 um Belval fir ëmmer ausgeblose gouf, huet sech d'Silhouette vum Site staark verännert.

De fréiere Site vun der Arbed ass 120 Hektar grouss. Aus dësem Areal huet et gegollt, e liewege Site z'entwéckelen.

D'Sinterbecke sinn zesumme mat den 2 Kamäiner déi leschten Zeie vun der Stolindustrie. Hei op dëser Plaz war fréier d'Agglomeratioun vun Arbed Esch/Belval.

Zanter enger Woch ass de Parking Square Mile definitiv zou. Plaz war hei fir eng 950 Autoen. Wärend 15 Joer konnt een hei säi Won ofstellen. Elo gëtt de Belag gefrääst.

Ëm 2025 missten d'Aarbechten ofgeschloss sinn. Wichteg wär et, dass d'Leit sech kéinten am fräie Raum treffen a nei Energie tanken.

Bis 7.000 Awunner kënne spéider um Belval wunnen. Aktuell sinn et der 3.500. Et ginn eng ronn 10.000 Aarbechtsplazen.