Donieft ginn och nach den Äerdgas an de Masutt méi deier.

De Maximalpräis fir de Liter Diesel geet e Samschdeg um Hallefnuecht ëm 1,6 Cent erop op dann 1,214 Euro de Liter. Änlech deier war den Diesel am Dezember 2013. Deemools huet ee fir de Liter missen 1,213 Euro bezuelen.

Den Äerdgas gëtt ëm 1,1 Cent de Kilo méi deier op dann 0,850 Euro de Kilo.

Och de schwiefelaarme Masutt (10 ppm) gëtt méi deier. Hei ass et eng Hausse vun 2,2 Cent op 0,670 Euro de Liter.