An de leschte Méint sinn d'Pëtrolspräisser zolidd an d'Luucht gaangen. D'Grënn sinn ë.a. d'CO2-Steier an den Desequiliber tëscht Offer an Demande.

Een Euro a bal 24 Cent de Liter - sou deier war de Liter Diesel zanter September 2013 net méi. Virun genee engem Joer war den am meescht verkaafte Pëtrolsproduit hei am Land, den Diesel, nach praktesch 30% méi bëlleg. De Präis vum 98er Bensinn ass souguer bannent de leschten 12 Méint nach liicht méi staark geklommen.

Do war op där enger Säit d'Aféiere vun der CO2-Steier: 5,4 Cent de Liter den 1. Januar.

Virop ass et awer de Präis vum Barrel, deen zanter Enn Abrëll d'lescht Joer, wou d'Pandemie weltwäit d'Wirtschaftsaktivitéit ausgebremst hat, reegelrecht explodéiert ass. Vun dunn 22 Dollar op en Dënschdeg de Moien iwwer 77 Dollar. Sou deier war de Barrel zanter 2014 net méi.

D'Erklärung fënnt ee wéi sou dacks zu Wien bei der OPEP an hiren Alliéierten. 23 Staaten, déi sech es den Ament net eens ginn, wéi vill Pëtrol pro Dag méi op de Marché soll kommen.

Am Sträit ëm Quote refuséiert Abu Dabi, datt tëscht August an Dezember weltwäit 400.000 Barrel den Dag méi produzéiert ginn. Spannungen op engem Ament, wou den Desequiliber tëscht Offer an Demande konstant wiisst. D'Weltwirtschaft zitt nees un. Enn 2022 kéint souguer en neien historeschen Héichpunkt erreecht ginn, wat d'Nofro ubelaangt.

Munches deit deemno drop hin, datt d'Automobiliste sech laangfristeg drop astelle mussen, nees op der Pompel méi déif an d'Täsch ze gräifen.