Fir de ganze Projet si Gesamtdepense vu bis zu 71,7 Milliounen Euro ageplangt.

D'Finanzéierungsgesetz fir den Ausbau vum Echangeur op der Escher Autobunn, der A4 op Héicht Steebrécken, gouf e Mëttwoch mat 58 Jo-Stëmmen an 2 Abstentiounen duerch déi Lénk ugeholl. Fir déi Leit, déi net aus dem Eck sinn, resuméiert den DP-Deputéierten Max Hahn de Problem dee bis elo besteet: "Ech mengen et gëtt eppes zu Steebrécken, wat et soss néirens am Land gëtt. Eng Op- an eng Offaart vun enger Autobunn déi queesch duerch e Wunngebitt geet."

De Max Hahn vun der DP


Un der Léisung vun dësem Problem gëtt awer scho méi laang geschafft. D'Rapportrice vum Projet, déi Gréng Deputéiert Chantal Gary stellt e kuerz vir: "Nieft respektiv ënnert der Escher Autobunn soll op der Héicht vun der N13, der Dräikantonsstrooss, den aktuell onkompletten Echangeur duerch en groussen ovale Kreesverkéier ersat ginn. Un dëse wäerten sech dann déi 4 Brëttellen, respektiv Autobunnsopfaarten an Autobunnsoffaarten ubannen."

D'Chantal Gary vun déi Gréng

Et geet awer net eleng ëm eng Entlaaschtung vum Stroossennetz zu Steebrécken a Wickreng, an esou ëm eng Erhéijung vun der Liewensqualitéit vun den Awunner. Mee och ëm en nach méi grousse Projet, wéi de Gréngen Mobilitéitsminister François Bausch betount: "Et geet dorëms fir deen "Couloir Multimodal", dee mer wëlle schafen tëschent der Haaptstad an Esch, also dem Süden vum Land. Natierlech wëlle mer dann och dovu profitéiere Steebrécken, Monnerech an déi Uertschaften, déi ronderëm leien, esou ze gestalten, datt mer an Zukunft e separate Couloir hunn fir de Bus, an datt herno eng Kéier en Tram do ka fueren, an datt och eng Velosexpress-Pist do ka sinn, an datt selbstverständlech och den Auto seng Plaz huet."

De Mobilitéitsminister François Bausch

Fir de ganze Projet si Gesamtdepense vu bis zu 71,7 Milliounen Euro ageplangt. Déi éischt grouss Aarbechte si mam Deplacement vun enger Tankstell op der A4, souwéi der Finaliséierung vun enger Plattform fir eng zweet Tankstell op där anerer Säit, souwéi dem Verleeë vu Gasleitungen, schonn ofgeschloss.