Wéinst rechtswiddregen Ofsproochen huet d'EU-Kommissioun eng Geldstrof an dräistelleger Milliounenhéicht géint béid Automobilconstructeure verhaangen.

Dëst wéinst verbuedenen Ofsproochen a Verstéiss géint d'Kartellrecht. Konkret geet et ëm d'Tanke fir Adblue. BMW soll knapp 375 Millioune bezuelen, Volkswagen gutt 500 Milliounen Euro. Daimler bleift dogéint stroffräi.