Wat geschitt, wann een dëst Joer en Hybridauto kaf huet, en awer net méi dëst Joer umelle kann, well en duerch Liwwerenkpäss net mat Zäiten ukënnt?

Dat wollt den DP-Deputéierten André Bauler en Donneschdeg de Mëtteg an enger Froestonn an der Chamber vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg wëssen. Fir vun Ëmweltprimmen ze profitéieren, misst een den Auto am Fong bis den 31. Dezember dëst Joer umellen. Et hätt ee vill Froen an deem Sënn an de leschte Wochen erakritt, sou d’Ministesch, an et géing een elo no enger Léisung sichen. Si géing sech am Hierscht mat de Responsabelen aus dem Secteur zesumme setzen, fir ze kucken, ob dee Problem sech stellt, a wéi een dee Moment da mat de Primme reagéiere kéint.