De Maximalpräis fir de Liter Diesel geet e Samschdeg um Hallefnuecht erof op 1,219 Euro de Liter.

Den Äerdgas fält ëm 1,4 Cent op elo 0,853 Euro de Kilo.

Eng Baisse gëtt et och beim schwiefelfräie Masutt (10 ppm). Dëse kascht vun e Samschdeg Hallefnuecht un 1,5 Cent manner, also 0,671 Euro de Liter.