Net just Automobiliste kënne sech bei den "gielen Engelen" am Fall vun enger Pann mellen. Och Vëlosfuerer kënnen an Deeler vun Däitschland gehollef kréien.

Ob mam Drotiesel op d'Schaff, op der Strooss fir eng Course trainéieren oder gemittlech en Tour duerch d'Natur maachen: E Lach am Pneu oder eng futtis Kette sinn ëmmer iergerlech. Virun allem dann, wann ee keng Ersatzdeeler dobäi huet oder net weess, wéi een dës Deeler ersetzt. A grad an esou Momenter soll elo den däitschen Automobilclub aushëllefen.

Zu Berlin a Brandenburg huet den ADAC nämlech e Projet lancéiert. Dëse riicht sech eenzeg an eleng un d'Cyclisten. Jiddereen, dee Member vum däitschen Automobilclub ass, kann am Fall vun enger Vëlospann uruffen a gratis gehollef kréien. Sief et, well d'Bremsen net méi ginn, den Akku vum E-Bike futti gaangen ass oder zum Beispill e Pneu muss ersat ginn.

Elo muss just nach erausfonnt ginn, wéi héich d'Nofro ass a wéi de Projet bei de Leit dobaussen ukënnt.

ACL-Assistance fir Cyclisten

Zanter e puer Joer bitt de Lëtzebuerger Automobilclub eng Assistance fir Vëloen un. Hir Mecaniciene goufe speziell op Vëloen an Elektro-Vëloe forméiert a kënne bei platte Pneuen, eidele Batterien oder anere Pannen hëllefen. Dëse Service ass an der Memberskaart vum ACL mat dran. Si intervenéiere bei alle Panne vu Gefierer ënner 3,5 Tonnen. Leit, déi sech exklusiv mam Drotiesel deplacéieren, kënne sech d'"ACL Bike Assistance" ufroen.