Fir méi liicht Camione soll d'Verbuet souguer nach méi fréi scho gräifen.

Doduerch wëll d'Regierung d'CO2-Emissiounen am Verkéier däitlech reduzéieren, bis 2050 dann op Netto-Null. Vun 2035 un solle Bensinn- an Diesel-Camione vun 3,5 bis 26 Tonne verbuede ginn ze verkafen, vun 2040 un dann och nach méi schwéier Gefierer. Dat mellt de Verkéiersministère a Groussbritannien.

Schonn am November gouf annoncéiert, dass ee fir 2030 de Verkaf vun Autoe mat Diesel- a Bensinnsmotor wéilt verbidden. Emissioune sollen an 10 Joer ëm 2/3 reduzéiert ginn.