Dee ville Reen an d’Iwwerschwemmungen hu fir zolidd Perturbatiounen am ëffentlechen Transport gesuergt. Zich a Buslinnen am ganzen Land sinn ausgefall.

Passagéier hu misse vill Gedold hunn.

An der Stad ass den ëffentlechen Transport och staark vum Héichwaasser betraff. Besonnesch d'Eecher Plaz, déi nach ëmmer komplett ënner Waasser steet, suergt fir Problemer, well vun hei vill Busser fueren, déi d'Stad mat Walfer oder Steesel verbannen.

Donieft waren an der Stad och de Pafendall a Clausen betraff, wou Arrêten net konnten ugefuer ginn. Dat ass zum Deel och elo nach ëmmer de Fall, och wann d'Stroossen net méi ënner Waasser stinn. De Service vun den Autobusser vun der Stad Lëtzebuerg ass vun der Situatioun iwwerrascht ginn, och wa schonn e Mëttwoch den Owend ugefaange gouf, Deviatiounen auszeschaffen. Et wier awer schwéier, well sech d'Situatioun stënterlech ännert. Dowéinst géingen d'Busverbindungen iwwer Arrêten, déi u sech net ugefuer ginn, trotzdeem an den Transportapplikatiounen ugewisen, bedauert de Service vun den Autobusser vun der Stad Lëtzebuerg. Dat wier net ze verhënnere gewiescht, well d'Linne just deelweis ënnerbrach sinn an dofir net komplett kënnen aus der App geholl ginn.

Zum Deel wieren och immens opwänneg a laang Deviatiounen en place gesat ginn, zum Beispill iwwert de Briddel oder de Kierchbierg, fir d'Eecher Plaz z'ëmfueren. De Service vun de Busser vun der Stad réit dowéinst d'Passagéier sech ënnert der Nummer 4796-2975 ze mellen. Dann kéint individuell gekuckt ginn, wéi ee vun A op B ka kommen. Op Horaire sollt ee sech en Donneschdeg net verloossen an och d'Deviatioune kéinte sech änneren, wann eng Strooss net méi ka gefuer ginn.

Mikrotrott vum Hamilius / Monica Camposeo
Mikrotrott Eecher Plaz / Monica Camposeo