De Maximalpräis fir de Liter Diesel geet e Freideg um Hallefnuecht ëm 1,7 Cent erop op dann 1,236 Euro de Liter.

Den Äerdgas gëtt ëm 1,2 Cent de Kilo méi deier op dann 0,865 Euro de Kilo.

Och de schwiefelaarme Masutt (10 ppm) gëtt méi deier. Hei ass et eng Hausse vun 1,9 Cent op 0,690 Euro de Liter.