De Maximalpräis fir de Liter Diesel geet e Freideg um Hallefnuecht ëm 2,9 Cent erof op dann 1,207 Euro de Liter.

Och beim Bensinn gëtt et eng Baisse. De 95er kascht vun e Freideg Hallefnuecht un 3 Cent manner op 1,324 Euro de Liter. Den 98er geet ëm 2,4 Cent erof op 1,409 Euro de Liter.

Den Äerdgas gëtt ëm 2 Cent de Kilo méi bëlleg op dann 0,845 Euro de Kilo.

Méi bëlleg gëtt och de schwiefelfräie Masutt (10 ppm). Hei ass et eng Baisse vun 2,9 Cent op 0,661 Euro de Liter.