Wéinst den Iwwerschwemmunge koum et op der Zuchstreck tëscht Lëtzebuerg an Diddenuewen via Beetebuerg zu Perturbatiounen.

Duerch de ville Reen e Samschdeg ware jo Deeler vum Stellwierk zu Beetebuerg iwwerschwemmt. Eng Woch virdru war dat och schonn de Fall. Den Ofwaassersystem hätt net sou vill Waasser gepackt, sou d'Alessandra Nonnweiler vun den CFL am RTL-Interview.

Alessandra Nonnweiler am Interview

D'Anlage wiere weider net beschiedegt ginn, mä d'Aarbechten hätten eben e puer Deeg gedauert. Et géing ee lo op där Plaz den Ofwaassersystem adaptéieren.

Zënter 12.30 Auer en Dënschdeg fueren nees progressiv Zich op der Linn 90.