Déi 2 Hypercharger vum Hiersteller Alpitronic verfügen iwwert eng Luedleeschtung vu bis zu 300 kW a sinn accessibel fir jidderee mat engem Elektroauto.

Als éischt privat Entreprise huet Losch Lëtzebuerg den 28. Juni 2021 zwee Hypercharger a Betrib geholl, dat op hirem Site zu Jonglënster. Déi sinn ëffentlech zougänglech, dëst 24/24h.  Bis zu 4 Autoe kënnen hei parallel geluede ginn, dat mat maximal 300 kW (1 x 150 kW an 1 x 300 kW). Jee no Auto a jee no Lued-Kapazitéit,  kann e Gefier hei an ënner 30 Minutte geluede ginn.

Bannent dem 1. Mount goufen iwwer 1.000 kWh gelueden op de Bornen zu Jonglënster, dëst mat enger maximaler Luedleeschtung vu bis zu 270 kW.

De Projet gouf realiséiert duerch SWIO, eng Mark vum Losch Grupp, a gouf an den Chargy-Reseau mat agebonnen. Via d'SWIO-App an dem SWIO-Lued-Schlëssel si se ëffentlech zougänglech an domat "Super ChargyOK".

RTL

© Losch Luxembourg

Op Nofro hi krute mer bestätegt, dass aktuell keng weider Hypercharger vu Losch Lëtzebuerg geplangt sinn. Et wéilt een an der 1. Etapp mol Erfarunge sammele mat de Bornen zu Jonglënster, déi dann analyséieren, éier ee weider Projeten an Ugrëff hëlt.