De Maximalpräis fir de Liter Diesel geet en Donneschdeg um Hallefnuecht ëm 2,4 Cent erop op dann 1,231 Euro de Liter.

Beim 95er Bensinn ass et eng Hausse vun 3,1 Cent op 1,355 Euro de Liter, den 98er geet ëm 3,4 Cent op dann 1,443 Euro de Liter an d'Luucht.

Donieft gëtt et eng Hausse vun 2,1 Cent beim schwiefelfräie Masutt (10ppm) op 0,682 Euro de Liter.