Tëscht de Kelleren an Haiser, déi elo geraumt a gebotzt musse ginn, goufen awer och eng Partie Gefierer Affer vum ville Waasser.

Dowéinst war den ACL déi lescht zwou Wochen och méi am Asaz.

Et si Biller vun de leschten zwou Wochen. Autoen an iwwerschwemmten Stroossen, Déifgaragen oder Parkingen. Den ACL huet an de leschten zwou Wochen ronn 2.600 Interventiounen gezielt. Dovunner ware ganzer 560 wéinst dem Héichwaasser. Et gouf also däitlech méi ze dinn. Dobäi kënnt, dass Interventiounen wéinst Héichwaasser däitlech méi zäitopwänneg sinn.   Frank Maas, ACL Diagnostic Center:

“Well d’Autoen oft net accessibel sinn an da muss een och bedenken, wann den Auto net méi funktionéiert, muss een déi elektresch Handbrems lasskréien. Bei engem Automatik-Auto muss een den “Parking” erauskréien. Wann den Auto an enger Déifgarage steet, muss deen mat engem aneren Auto erausgezunn ginn, dat dacks ënnert schwierege Konditiounen. Dat mécht dann aus, dass Zäitspan eng ganz aner ass wéi bei engem normalen Remorquage.” 

Beim Héichwaasser kommen allgemeng eeler Autoe besser dovun wéi neier, dat wéinst der ganzer Elektronik an den neie Gefierer. En Ënnerscheed tëscht Autoen mat Verbrennungsmotor an Elektro-Autoe géif et awer net ginn. Wéi ee Schued d’Waasser un engem Auto verursaacht, ass vun e puer Punkten ofhängeg.

RTL

"Éischtens wat fir en Typ vun Auto ass et? Wéi héich stoung en am Waasser? Wéi laang stoung en am Waasser? An natierlech och de Wäert vum Auto. Wann esou en Auto muss ofgeschleeft ginn, dann ass dat aus techneschen Grënn well een Laangzäitschiet net kann virausgesinn."  

Och haut nach, Deeg no den Iwwerschwemmungen, gëtt den ACL e puer mol den Dag op Héichwaasser-Interventioune geruff, dat well verschidden Déifgaragen elo réischt accessibel sinn. Et rechent een awer domadder, dass dat déi nächst Deeg lues a lues ofhëlt.