Den neien Tempolimitt zu Paräis soll d'Sécherheet erhéijen an d'Liewensqualitéit verbesseren. Ma och am Grand-Duché gëllt a ville Stroossen 30 km/h.

Sécher Stroossen, gläichzäiteg eppes fir d'Ëmwelt maachen an d'Liewensqualitéit vun de Bierger verbesseren: Vill europäesch Groussstied limitéieren dohier d'Vitess op 30 Kilometer an der Stonn. No Bréissel geet och Paräis dëse Wee. An der franséischer Haaptstad gëllt nämlech zanter e Méindeg a bal alle Stroossen d'Vitesslimitatioun 30. Och hei zu Lëtzebuerg versichen d'Gemengeresponsabel, hir Uertschafte fir all d'Verkéiersparticipanten ze berouegen an op dës Manéier méi Sécherheet ze garantéieren.

Zanter Ufank de 90er Joren huet d'Stad Lëtzebuerg 30er-Zonen a Wunnquartieren agefouert. Sou wär mëttlerweil a 90 Prozent vun hire Gemengestroossen d'Vitess op 30 Stonnekilometer erofgesat ginn. Bei dëser Vitess géif d'Sécherheet fir all Verkéiersparticipant klammen. Dëst géif nach méi fir d'Cyclisten an d'Foussgänger zielen.

Och d'Gemengeresponsabel vun Diddeleng versichen d'Stroosse méi sécher ze gestalten. 30er-Zone ginn zanter ronn 15 Joer konsequent ëmgesat. An der Forge du Sud wäre ronn 80 Prozent vun de Gemengestroossen op 30 Kilometer an der Stonn erofgesat ginn. Och Staatsstroosse wëllen déi Responsabel méi verkéierssécher maachen.

Bei de Ponts et Chaussées wären an der Lescht eng 30 Demanden erakomm, fir op de Stroosse fir méi Sécherheet ze suergen. Dovunner hätt d'Hallschent e positiven Avis kritt. 20 Prozent wäre refuséiert ginn a bei 30 Prozent géif d'Prozedur nach lafen.