Et ass fir déi éischte Kéier an den aktuellen Tarifverhandlungen, dass de Streik och iwwert de Weekend geet.

D'Deutsche Bahn hat dogéint geklot, fir de Streik geriichtlech ze stoppen, ass awer e Freideg an zweeter Instanz gescheitert.

Et wéilt een de Weekend awer méi Zich op d'Schinne bréngen, huet d'Deutsche Bahn matgedeelt. Et gëtt awer weiderhi mat ville Perturbatioune gerechent.