D’Barrière zu Dippech-Gare ass bekannt am ganze Land a soll verschwannen. A Spëtzenzäiten ass se alt 40 Minutte laang pro Stonn zou.

E Contournement soll kommen an en Donneschdeg den Owend gëtt de Projet virgestallt.

De Mobilitéitsminister François Bausch zesumme mat de Buergermeeschtere vun Dippech a Recken maachen dat um 19 Auer. Och déi zukünfteg Vëlosverbindunge fir déi zwou Gemenge gi presentéiert.

Et gëtt och e Live-Stream iwwer d’Facebook-Säit vum Ministère an op transports.lu.

Den Event ass iwwregens scho komplett ausgebucht, deemno soll ee sech net méi dohin deplacéieren, wann een net scho souwisou ugemellt ass.