D'Barrière zu Dippech-Gare ass bekannt am ganze Land an dat sécher net am Gudden. No der Presentatioun vum Contournement-Projet gëtt et nees Hoffnung.

Zanter gläich 10 Joer soll e Contournement dës Barrière vergiessen dinn. Geschitt ass bis ewell nach näischt. Am Fréijoer d'nächst Joer soll dat awer änneren. Dann sollen endlech Neel mat Käpp gemaach ginn.

Wär alles säin normale Wee gaangen, géif zanter 2012 kee méi vun dëser Barrière zu Dippech-Gare schwätzen. Zéngdausend Autoe passéieren d'Dräikantonsstrooss dagan, dagaus.

Wärend 40 Minutte pro Stonn ass d'Barrière erof. Wann elo näischt méi dotëscht kennt, wäerten am Fréijoer d'nächst Joer déi éischt Baggeren hei rullen. Vu Muttwëll ass dat net.

RTL

© Christophe Hochard (Télé)

Et kritt een d'Impressioun, ewéi wann déi leschte Joren am Schleekentempo bei de verschiddenen, responsabelen Administratiounen un dësem Dossier geschafft gouf. Ëmmer nees eng nei Hürd huet sech an de Wee gestallt.

Zanter 2010 gëtt et mëttlerweil schonn d'Eisebunnsbréck. Ënnert där wäert spéider d'Strooss vum Contournement feieren. 2 Kilometer laang gëtt dës Streck tëscht Dippech-Gare a Reckeng op der Mess. D'Bauzäit dauert 2 1/2 Joer.

Falls d'Aarbechten am Fréijoer 2022 ufänke kéinten, géif de Contournement vun Dippech-Gare Enn 2024 fir den Trafic opgoen.

Contournement Dippech-Gare: Vill Awunner maache sech Suergen
Ass d'Barrière zou, ass vill Duerchgangsverkéier. Vill Stroosse ronderëm sinn iwwerlaascht. Ob de Contournement eng Léisung ass, ass och net gewosst.

De Projet gouf en Donneschdeg den Owend presentéiert

Op der Plaz waren eng 70 Awunner. D'Leit konnten d'Presentatioun och am Livestream suivéieren. 

De Chantier soll am Ganzen 2,5 Joren daueren an 20,5 Milliounen Euro kaschten. Direkt nieft der Strooss gëtt eng Vëlosverbindung tëscht den zwou Gemenge realiséiert op där dann och landwirtschaftlech Gefierer solle fueren.  D'Moulterbaach gëtt iwwerdeems renaturéiert, erkläert den Laurent Wolter vum Ministere fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten. Laanscht d'Strooss kéimen Diguen oder Modelle vum Terrain, déi opgeschott géife ginn, fir de Schall ze evitéieren. D'Tranchée couverteë géifen deen och dämpen.  Bei der Renaturéierungsplaz bei der Moulterbaach wier awer keng Plaz méi gewiescht, dofir hatt een en Ecran anti-bruit dohin gesat.

Elo stéing dem Contournement näischt méi am Wee. Am Oktober géifen nach archeologesch Etüde gemaach ginn. Vun November bis Dezember wier och eng Consultation publique. Verschidde Bierger hu sech hei besuergt gewisen, datt de Projet doduercher alt erëm kéint gestoppt ginn. Den Transportminister weist sech awer optimistesch.  Wann e Bierger wéilt, dann kéint en effektiv nees virun e Geriicht goen. Dat géif awer Joren daueren an de Projet net méi stoppen.  Wann de Projet bis op deem heite Punkt wier, da wier een op der gewonnener Säit. Et wier jo och en zolitte Wee bis heihin gewiescht.

D'Erliichterung schéngt grouss – Verständlech, well och eise Wee bis op Betteng huet gewise wéi vill Gedold gefrot ass.  D'Awunner weise sech allgemeng zefridden. Et wier e ganz flotte Projet, deen och gutt presentéiert gi wier, mengt een. Et wier och gekuckt ginn, fir méiglechst jidderengem Rechnung ze droen, sief et den Déieren, den Awunner oder och den Automobilisten. Eng Awunnerin ass enchantéiert vum Projet an hofft, datt en elo endlech realiséiert gëtt. En aneren fënnt de Projet zwar gutt, mä et géif nach kleng Detailer ginn un deene misst geschafft ginn. Ënnert anerem goung rieds vun engem Bauerenhaff, wou een elo misst wäit fuere fir bei d'Haus ze kommen, obschonns et senger Meenung no ganz einfach wier, fir eng voie de déscélération ze maachen, fir dem Bauer ze erlabe fir bei säin Haus ze fueren.

Ob den Contournement awer mat Zäite géif fäerdeg ginn, do waren der vill skeptesch. Esou munch een huet och gefrot wéini den Contournement vun der Gemeng Dippech géif realiséiert ginn. D'Bierger hunn op där Plaz en Appell un de Minister gemaach, datt een dee Projet mat Zäite misst envisagéieren, fir datt een op d'mannst do net esou laang waarde misst.