Dat huet e franséischt Geriicht de Freideg entscheet. Uber muss deenen Taxichauffere Schuedenersatz bezuelen, déi duerch hiert Geschäfft gelidden hunn.

Uber Frankräich muss also 180.000 Euro un 910 Taxifuerer an hir Associatioun bezuelen. Dës haten Uber wéinst onfairer Competitioun verklot. Uber-Chauffere kënnen nämlech och ouni Lizenz fueren a mussen och net fir eng deier Ausbildung bezuelen. D'Lizenz an d'Ausbildung kënnen en Taxifuerer zu Paräis méi wéi 100.000 Euro kaschten. Doduerch kënnen d'Uber-Chauffere méi bëlleg Präisser ubidden.

Am Mëttelpunkt stoung um Geriicht d'Aktivitéite vun UberPop 2014 an 2015, well hei Cliente mat netlizenzéierte Chaufferen zesummebruecht goufen. D'Geriicht huet festgehalen, dass doduerch dem Image an dem Ruff vun Taxi-Fuerer geschiedegt gouf.

Uber verdeedegt sech an deelt um Freideg mat, dass zënter 2015 kee vun hire Fuerer méi ouni Lizenz ënnerwee ass. Ausserdeem mussen d'Chaufferen elo déi selwecht Tester duerchlafen, wéi Taxi-Fuerer.