De Maximalpräis fir de Liter Diesel geet en Dënschdeg um Hallefnuecht ëm 1,1 Cent erop op dann 1,247 Euro de Liter.

Den Äerdgas gëtt ëm 0,8 Cent de Kilo méi deier op dann 0,873 Euro de Kilo.

Beim schwiefelaarme Masutt (50 ppm) ass et eng Hausse vun 1,1 Cent op 0,686. Och de schwiefelfräie Masutt (10 ppm) gëtt méi deier. Hei ass et eng Hausse vun 1,1 Cent op 0,686 Euro de Liter.