Déi nei Bréck, déi d'Stater Gare mam Quartier Bouneweg verbënnt, ass ee Symbol fir eng Gare am Wandel.

Zanter dem 15. September ass déi nei modern Bréck erëm fir de Public accessibel. Déi wochelaang, spektakulär Aarbechten am Summer waren nëmmen duerch de koordinéierten Asaz vun enger Rei Acteure méiglech, déi Dag an Nuecht doru geschafft hunn, een Zougang ouni Aschränkunge vun der Passerell op d'Gleiser ze schafen.

De Chantier vun der Passerell huet am Mee 2021 mam Ofrappe vun där aler Bréck ugefaangen. Wéi dës net méi stoung, sinn déi fënnef Deeler vun der neier Bréck, vun deene verschiddener méi ewéi 80 Tonne geweit hunn, zesumme mat den Trapen an de Lifter, montéiert ginn. E Mëttwoch de 15. September sinn dunn de Lift, deen d'Passerell mat de Gleiser vum Quai 2 verbënnt an d'Trapen, déi op de Quai 2 a Quai 3 féieren, a Betrib geholl ginn. No dësen éischte wichtege Schrëtt wäerten déi reschtlech Trapen a Lifter no an no bis Enn dëst Joer a Betrib geholl ginn.

Mat der geschwongener Form an der Verglasung, souwéi der moderner Gestaltung vun den Diech, ass déi nei Passerell e Symbol fir d'Moderniséierung vun der Gare, déi am Zentrum vun engem Netz, dat sech staark verännere wäert, läit. Dëst ass ee vu sëllege gréissere Projeten, déi d'Attraktivitéit vun der Offer vun der CFL erhéije sollen. D'Stater Gare muss mat der Demande, déi an deene leschte Jore staark geklommen ass, matgoen a mat weider Kapazitéiten an Infrastrukturen ekipéiert ginn.

Och den Zougang ouni Aschränkungen ass zanter dem 15. September schonn deelweis méiglech. Bis dohi konnt een nëmmen iwwert de südleche Souterrain Accès kréien. Bis bei d'Finaliséierung vun der Passerell kënne Persoune mat beschränkter Mobilitéit de Quai 2, iwwert deen een och bei de Lift vum südlechen Deel vun der Gare kënnt,  iwwert de Lift erreechen.

De ganze Communiqué fannt Dir hei.