Zanter annerhallwem Joer ginn an der Kontrollstatioun keng Gefierer méi ënnert d'Lupp geholl, well d'Aktivitéiten op Maarnech verluecht goufen.

Zanterhier steet d'Gebai eidel a bis op Weideres ass och net gewosst, wat mat deem Site soll geschéien. Aktuell notzt d'Gemeng Kiischpelt d'Gebailechkeeten als Depot a mécht och den Entretien ronderëm. De Proprietär vun der fréierer Kontrollstatioun ass d'SNCH an do ass nach net gekläert, wat mat den Hale geschéie soll. Dat äntwert den zoustännege Minister Bausch op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierten Jeff Engelen.

Hei fannt der déi komplett parlamentaresch Fro, mat Äntwert vum zoustännege Minister!