Op den Arrête vun der Londoner Metro an de Busser koum et duerch d'Pandemie zu enger Partie Accidenter.

Wéi et englesch Medie mellen, huet och d'Angscht virum Virus seng negativ Konsequenzen. Sou sinn zum Beispill dacks Leit gefall, well si sech net getraut hunn, d'Gelänner vun de Rolltrapen oder d'Grëffer an de Busser respektiv der Metro unzepaken. Dobäi koum et eleng tëscht Abrëll a Juni dëst Joer zu 12 Schwéierblesséierten oder Doudesfäll an de Metroen. Dobäi kommen 23 Tëschefäll an de Busser.

Déi Verantwortlech vum ëffentlechen Transport plange lo, d'Kontaktflächen an a ronderëm d'Busser an d'Zich besser a méi dacks ze botzen a vun elo och mat UV-Technik ze schaffen.