De Maximalpräis fir de Liter Diesel geet e Samschdeg um Hallefnuecht ëm 2,9 Cent erop op dann 1,276 Euro de Liter.

Den Äerdgas gëtt ëm 2 Cent de Kilo méi deier op dann 0,893 Euro de Kilo.

Beim schwiefelaarme Masutt (50 ppm) ass et eng Hausse vun 2,1 Cent op 0,707. Och de schwiefelfräie Masutt (10 ppm) gëtt méi deier. Hei ass et eng Hausse vun 2 Cent op 0,706 Euro de Liter.