D'Stad Tübingen a Baden-Württemberg huet elo eng Erhéijung vun de Käschte fir ee sougenannten "Anwohnerparkausweis" ugekënnegt.

Sou sollen d'Käschte vun 2022 un op 120 Euro gehéicht ginn. Méi bezuele musse Besëtzer vu ganz schwéieren Autoen, zu deenen och SUVe gehéieren. Si mussen elo bis zu 180 Euro bezuelen. Fir Leit, déi manner verdéngen, soll et méi bëlleg ginn.

Dem Buergermeeschter Boris Palmer vun de Gréngen no, mussen d'Subventioune fir Autoen ophalen. Am Ufank wollt hien d'Käschte souguer duebel sou héich usetzen, dat ass awer um Gemengerot gescheitert.

De Präis vun 180 Euro ass fir Autoen ugesat, déi méi wéi 1800 Kilo weien. Fir Elektroautoe gëllt e Seuil vun 2 Tonnen. De beléiftsten SUV aus Däitschland, de VW Tiguan ass an de meeschte Konfiguratioune méi liicht.