Nach muss een net bezuelen, mee et gëtt awer scho geblëtzt. Déi Date ginn awer direkt geläscht.

Autoen dierfe maximal mat 90 fueren, Gefierer iwwer 7,5 Tonne mat 75. Wéinst Aarbechten ass awer den Ament maximal 70 erlaabt.

Et ass den 2. Streckeradar dee mer hei am Land hunn, no deem op der Nationalstrooss tëscht Gonnereng an dem Waldhaff.

Wéi de Mobilitéitsminister François Bausch confirméiert wäerten awer nach méi esou Secteur-Radaren a Betrib goen, als nächst an den Tunnelle vun der Nordstrooss.

Bis wéini genee d'Testphas am Tunnel Markusbierg leeft ass nach net bekannt, et rechent ee mat Enn Oktober.