Am Hierscht 2023 soll um Fridhaff dat neit Administratiounsgebai vun der SNCA operationell sinn.

Aktuell ass d'Société nationale de circulation automobile zu Maarnech, virdru war et Wëlwerwolz.
Um Freideg de Mëtteg gouf um Fridhaff den éischte Spuedestéch gemaach, fir e Gebai vu ronn 800 Metercarré.

De President vum Verwaltungsrot vun der SNCA, de Pol Philippe:

"Hei hu mer e Site fonnt, deen eis et erméiglecht sämtlech Demarchen, déi d'SNCA ubitt, ze regroupéieren. Dat heescht am Beräich vum Führerschäin an am Beräich vun der Immatrikulatioun. Wat intressant ass, mir kënnen hei och en Terrain de manoeuvres installéieren, esou datt och praktesch Examen am Führerschäin hei kënne gemaach ginn an och dofir ka geüübt ginn. An d'Industriezon Zano kommen och Clusteren, zum Beispill de mobility Cluster. Dat heescht an deem Beräich si mer dann och no fir mat deenen Acteure kënnen ze schaffen."

Et ass eng Dezentraliséierung vun de Leeschtungen, seet de Minister fir Mobilitéit an Travaux publics, de François Bausch. Fir hien och e Verspriechen dat ëmgesat gëtt - zesumme mat Aarbechtsplazen, déi entstinn.

"Den Ament schaffen zu Maarnech 5 Leit an deem do Beräich, déi Zuel geet erop op 19. 14 Leit méi hei op deem Site matzen an der Nordstad. Et ass e bescheidene Beitrag, ganz sécher an awer fannen ech, ass et dat, wat mer musse maachen, fir ze kucken an der Regioun, d'Aarbechtsplazen heihinner ze bréngen. Dat mécht absolut Sënn a fir d'Leit huet et de Virdeel, datt se net musse bis an d'Stad rennen, fir déi Déngschtleeschtung hei ugebueden ze kréien."

Virdeeler, op déi och den Dikrecher Buergermeeschter Claude Hagen hiweist:

"Mir hunn hei e Cluster automobile mat ville Garagisten, déi hei um Site selwer sinn. Dann ass et natierlech en Avantage, datt d'SNCA hei ass, well déi d'Zouloossungen, d'Permisen, d'Placken alles geréiert an och d'Autorisatiounen dofir gëtt. Dofir ass dat een Atout fir déi Leit, déi hei an der Zon selwer sinn, mä natierlech och fir all d'Leit aus dem Éislek, well de Site zentral Leit a gutt accessibel ass."

De Projet kascht bësse méi wéi 6 Milliounen Euro. D'SNCA, aus där jo en Etablissement public gëtt, kritt an der Industriezone Zano Gesellschaft vu 25 bis 30 Betriber, fir déi tëschent 1.000 a 1.500 Leit schaffen.