De Maximalpräis fir de 95er Bensin geet e Donneschdeg um Hallefnuecht ëm 2,6 Cent erop op dann 1,398 Euro de Liter.

Soss bleiwen d'Bensinspräisser zënter der leschter Upassung onverännert. De Präis vum Diesel, Äerdgas a Masutt ass allerdéngs zanter uganks September am Ganzen 3 Mol gehéicht ginn.