De Vëlosboom hält zu Lëtzebuerg weider un.

Zanter dem Aféiere vum Primmesystem 2019 sinn am zoustännege Ministère 50.725 Demanden eragereecht ginn, dat krut RTL op Nofro hi confirméiert. Dorënner si knapp 20.000 Demandë fir en Elektrovëlo.

Ronn een Drëttel vun dësen Demanden (38%) goufe bis elo accordéiert. De Gros fält ënnert de Regimm "Neistart Lëtzebuerg".

De grousse Problem bleift de Retard beim Ausbezuelen.

Den Ament géifen Demandë beaarbecht ginn, déi ugangs Oktober 2020, also viru genee engem Joer, eragereecht goufen, kréie mer präziséiert.