Melodesche Klang amplaz vu Groussstadkaméidi: An Indien soll d'Geräisch vu Museksinstrumenter de Verkéierskaméidi méi agreabel maachen.

Den indesche Verkéiersminister wëll d'Geräisch vun Autostuten an Indien duerch Museksinstrumenter ersetze loossen. Hie géing dat nach analyséieren a plangt, geschwënn e Gesetz dofir opzesetzen. Mat indeschen Instrumenter wier de Verkéierskaméidi da méi agreabel.

Als Beispiller vun Instrumenter huet hien d'Kläng vu Flütten, Geien, Tabla oder Mondharmonikae genannt. Och déi "irritéierend" Sireene vu Rettungsween a Policeautoe kéinten duerch berouegend Melodien ersat ginn.

An Indien ginn et e puer vun deenen häertste Stied vun der Welt. D'Chauffere vu Rikschaen, Busser, Taxien, Motorrieder a Privatautoe kämpfen hei ëm déi geréng Plaz op de volle Stroossen. D'Tut ass dobäi bal esou wichteg wéi d'Gaspedall. Vill Chauffere benotzen dës net nëmmen als Warnsignal, mä och, fir aner Leit am Verkéier op sech opmierksam ze maachen.

Der Weltgesondheetsorganisatioun WHO no kéint stännege Kaméidi zum Verloscht vum Gehéier, Häerz-Kreeslaf-Probleemer, Stress an Depressioune féieren.