E Méindeg war zu Dikrech an der aler Seeërei den Optakt vun den Informatiounsowenter ëm d'Nordstad 2035.

D'Nordstad 2035 soll net just den drëtten Entwécklungspol vum Land ginn, mä och den Awunner vun de fënnef Gemengen Dikrech, Ettelbréck, Schieren, Ierpeldeng un der Sauer a Bettenduerf méi Liewensqualitéit bidden.

Dofir wëll een op manner Duerchgangsverkéier, méi Natur, e verbesserten ëffentlechen Transport an e Vëlosexpresswee setzen. Eng 120 interesséiert Bierger ware op der éischter Informatiounsversammlung zu Dikrech, op déi déi zoustänneg Ministere Claude Turmes a François Bausch invitéiert haten.

Eng Stonn Presentatioun, duerno war d'Froe-Ronn op. Ënner anerem d’Verleeë vun der Eisebunn, d’Zuchvebindungen oder de geplangte Proximitéitscontournement ronderëm Dikrech mat sengen Tunnellen hu Froen a Remarken opgeworf, dorënner och, ob den Delai 2035 fir d’Ëmsetzung vum Mobilitéitskonzept iwwerhaapt realistesch wier.

Um Zil 2035 halen déi zwee zoustänneg Ministeren awer fest. "Wann een de politesche Wëllen huet, ass dat machbar", seet de Mobilitéitsminister François Bausch. De Claude Turmes, Minister fir Landesplanung, ënnersträicht, datt eenzel Projeten, wéi de Vëloswee, eng rei Brécken a Landschaftsparken schonn an den nächste 4 Joer sollen ëmgesat ginn.

1,7 Milliarden Euro wäert d’Mobilitéitskonzept vun der Nordstad aktuelle Schätzungen no kaschten. Ëm d’Ëmsetzung vum Projet këmmert sech déi 2019 gegrënnten Nordstad Entwécklungsgesellschaft.

Datumer fir weider Informatiouns-Owender ëm d’Leitbild 2035 fannt dir hei.