Den intermodalen Terminal tëscht Beetebuerg an Diddeleng dréit mat dozou bäi, datt de Logistiksecteur méi ëmweltschounend an nohalteg gëtt.

Wien eng méi ëmweltschounend an nohalteg Léisung am Transport ubitt, dee läit grad voll am Zäitgeescht, an dat ass bekanntlech batter néideg fir d'Klimaziler.

Eng Firma, fir déi dëst zum alldeegleche Geschäft gehéiert, ass CFL-Multimodal. Op hirem intermodalen Terminal bei Beetebuerg/Diddeleng gi 24 op 24 Stonnen, siwen Deeg an der Woch, ënner anerem d'Remorquë vun der Strooss op d'Schinn verluecht. An esou ginn op d'mannst fir e gudden Deel vun der Rees, d'Gidder-Korridore vun der Bunn uechter ganz Europa benotzt, ee vun de ville Virdeeler.
65.000 Semiremorquen an 160.000 Container a Remorquen, déi Krankompatibel sinn, erwaart ee sech dëst Joer um Terminal ze beweegen. D’Europäesch Unioun ënnerstëtzt dës Ëmlagerung op d'Schinnen och iwwert de sougenannte Green Deal. Bis 2050 sollen EU-wäit 90% vun den Emissiounen agespuert ginn, den éischte klimaneutrale Kontinent, an dat och mat Hëllef vum multimodale Wuerentransport.