De Maximalpräis fir de Liter Diesel geet e Freideg um Hallefnuecht ëm 4,8 Cent erop op dann 1,376 Euro de Liter.

De Präis vum Diesel beweegt sech domadder weider am Rekordberäich.

Den Äerdgas gëtt ëm 3,3 Cent de Kilo méi deier op dann 0,963 Euro de Kilo.

Beim schwiefelfräie Masutt (10 ppm) geet de Präis erop, dat ëm 3,7 Cent op dann 0,784 Euro de Liter.