D'Ëmweltministesch wëll Autoe mat Verbrennungsmotor scho vun 2030 un europawäit verbidden. Realistesch oder verfréit?

De Verkaf vun Autoe mat Verbrennungsmotor soll scho vun 2030 u verbuede ginn. Déi Ausso huet d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg en Donneschdeg am Kader vun enger Reunioun vun den europäeschen Ëmweltminister hei zu Lëtzebuerg gemaach. Ass esou en Timing iwwerhaapt raisonnabel?

Am Kader vun enger Diskussiounsronn, déi vum Automobilclub organiséiert an en Donneschdeg digital iwwerdroe gouf, huet och déi Fro beschäftegt.

Den Antonio da Palma Ferramacho, Spezialist fir Mobilitéitstechnologie beim ACL, plädéiert dofir, ambitiéis awer och realistesch ze bleiwen, andeems een d'Realitéit um Terrain net verkennt an zesummeschafft, fir eng Léisung ze fannen, bei där et kéng Verléierer gëtt.

Eng Gespréichsronn, am Kader vun där engersäits bewosst gouf, datt 2030 u sech iwwermuer ass. An datt deen Acteur, op deem senge Schëlleren d'Haaptgewiicht läit, op d'Transitioun eriwwer op den Elektroauto e Succès ka ginn, den Netzbedreiwer Creos ass. Déi nächst Jore sti grouss Chantieren an héich Investissementer an d'Haus. Vum Héichspannungsnetz, wat ugepasst muss ginn, bis zur Verstäerkung vun der Mëttel- respektiv Niddregspannung lokal. Fir genuch Power an d'Steckdous respektiv op d'Luedstatioun ze bréngen.

D'Automobilisten, déi op elektresch Gefierer eriwwer wiesselen, mussen och all eenzel matspillen: Wa jiddereen owes no der Aarbecht den Auto doheem un de Stecker uschléisst, da kënnt et zu enger Iwwerbelaaschtung vum Reseau. Et mussen och Gefierer den Dag iwwer geluede ginn, wann d'Leit op der Aarbecht sinn. Hei sinn dann nees d'Patrone gefuerdert, fir déi néideg Installatiounen zur Verfügung stellen, wat och mat héije Käschte verbonnen ass. Den zoustännege Minister Claude Turmes hofft do op Ënnerstëtzung vu Bréissel:

"Esoubal ee Betriber eng Hëllef gëtt, fält een ënnert d'Staatshëllefen. Déi gi vun der DG-Konkurrenz vu Bréissel kontrolléiert. Do däerf ech keng Hëllef ginn, ouni där hiren Accord. "

Opgeworf gouf och d'Fro vun der Evolutioun vum Präis. Wéi déif een an Zukunft an d'Täsch gräife muss, fir den Elektroauto ze lueden?

Hei huet de Claude Turmes eng nei Affiche virgestallt, déi vun der nächster Woch un an den Tankstellen ophänke soll. Dorop stinn d'Käschte pro Kilometer, wat déi verschidden Energien ubelaangt. Op den Cent genee kéint hien de Präis vum Elektresch an Zukunft net soen. D'Opluede géif awer ouni Zweiwel méi bëlleg bleiwen, wéi Diesel oder Bensinn tanken, esou de grénge Minister weider, deen och ënnerstrach huet, datt d'Präisser vum Elektresch vill manner Volatil si wéi déi vum Pëtrol.

Apropos Tanken: Den Expert vum ACL huet och virgerechent, wéi d'Aire de Berchem an Direktioun Frankräich an Zukunft ausgesi misst, am Fall, wou 60 Prozent vun den Automobilisten, déi haut do tanken, op elektresch Gefierer ëmklamme géifen. 46 Super-Chargeure missen op där Autobunnstankstell installéiert ginn. Iwwer e Joer gekuckt, wier eleng hei déi enorm Quantitéit vun 33,6 Millioune Kilowatt d'Stonn néideg.