Duerch d'Hansestad ass e Méindeg déi éischt digital S-Bunn gerullt. D'Maschiniste bleiwen zwar u Bord, d'Rangéiere vun den Zich geet awer ouni Personal.

D'Deutsche Bahn a Siemens hunn zesummen deen éischten Zuch presentéiert, dee mat digitaler Technik gesteiert gëtt an automatesch fiert. D'Lokomotivfürer bleiwe fir d'Surveillance vun der Faart mat de Passagéier weiderhin u Bord. D'Rangéiere geet ouni Personal.

D'Bunn, Siemens Mobility an d'Stad Hamburg hunn am Ganze 60 Milliounen Euro an déi digital S-Bunn investéiert. Den DB-Chef Richard Lutz huet vun engem "richtegen Zäitwandel" geschwat. D'Eisebunn wier an der digitaler Zukunft ukomm.

Informatioune vum Siemens-Chef Roland Busch no kéint ee mat der Technologie ronn 30 Prozent méi Passagéier transportéieren an d'Pénktlechkeet däitlech verbesseren. Donieft kéint méi wéi 30 Prozent vun der Energie gespuert ginn.

Wärend dem ITS-Weltkongress zu Hamburg, engem Evenement ronderëm intelligent Verkéierssystemer a Smart Mobility, fuere virop véier digital S-Bunnen automatesch op enger 23 Kilometer laanger Streck. Vun Dezember u sollen déi véier automatesch Zich dann am alldeeglechen Fuerplang am Asaz sinn. Zil ass et, d'S-Bunn zu Hamburg bis Enn vum Joerzéngt ëmzestellen. Et gëtt och driwwer nogeduecht, d'Technologie bundeswäit am Regional- an Fernverkéier ze notzen.