D'Stad Lëtzebuerg: Op 1% vun der Fläch wunne gutt 20% vun den Awunner an hei si 40% vun den Aarbechtsplazen.

Wann een déi Zuele kucke géing, wier et evident, dass d'Mobilitéit eng grouss Erausfuerdung ass fir d'Stad, sou d'Stater Buergermeeschteg Lydie Polfer.

D'Leit mussen awer mat deene geplangte Mesuren d'accord sinn, dofir géing elo e Mobilitéitsplang mat der Participatioun vun de Bierger ausgeschafft ginn, erkläert de Patrick Goldschmidt. Dofir wier net nëmmen den ëffentlechen Transport an der Stad selwer wichteg, mee och den iwwerregionalen Transport misst fiabel sinn. Vun en Donneschden u kënnen d'Leit entweder online oder analog en anonymme Questionnaire iwwert d'Mobilitéitsgewunnechten ausfëllen.

E Mëttwoch u 18 Auer ass dann och eng ëffentlech Informatiounsversammlung am Grand Theâtre. Fir déi kann ee sech online umellen, se gëtt awer och live gestreamt. D'Versammlung leeft ënnert dem Covidcheck. Nächsten Hierscht soll de Plang fäerdeg sinn.