Dëst Joer organiséiert den ACL de Rendez-vous fir de Concours vum "Road Patrol Training for Excellence" hei zu Lëtzebuerg.

Den Ament leeft hei am Land de "Road Patrol Training for Excellence". Zu Lëtzebuerg treffe sech Automobil Clibb aus ganz Europa fir an engem Concours géinteneen unzetrieden.

D'Ekippen, déi hei zu Lëtzebuerg géinteneen untrieden, hu sech fläisseg op de Concours preparéiert. Déi meescht Ekippe komme wuel aus Europa, ma et ass awer kee reng europäesche Concours. Och de Botswana huet eng Ekipp op Lëtzebuerg geschéckt.

U sech wär et net de Concours, deen am Mëttelpunkt steet, seet d'Automobilsfederatioun Fia, déi d'Evenement organiséiert. An der Haaptsaach geet et drëms, datt ee vun deem anere léiert.