De Maximalpräis fir de Liter Diesel geet en Donneschdeg um Hallefnuecht ëm 1,9 Cent erop op dann 1,395 Euro de Liter.

Den Äerdgas gëtt ëm 1,4 Cent de Kilo méi deier op dann 0,977 Euro de Kilo.

Beim schwiefelaarme Masutt (50 ppm) ass et eng Hausse vun 1,1 Cent op 0,795.

Zanter dem 13. September ass de Präis scho 6 Mol gehéicht ginn. De gréisste Sprong no uewe gouf et de 7. Oktober mat 4,8 Cent de Liter an e kascht deemno elo am Ganze 15,9 Cent méi de Liter wéi virun genee engem Mount.

En Dënschdeg ass och en 98er nees geklommen, ma och de 95er geet kontinuéierlech an d'Luucht.