De Maximalpräis fir de 95er Bensinn geet en Dënschdeg um Hallefnuecht ëm 1,7 Cent erop op dann 1,477 Euro de Liter.

Zanter Ufank September ass dëst déi 5. Hausse an de Präisënnerscheed läit mëttlerweil bei 12,40 Cent de Liter. Op ee Joer gekuckt, ass de Präis vum 95er souguer ëm 34,94 Prozent geklommen, zanter en e Méindeg virun enger Woch ëm 3,4 Cent an d'Luucht gaangen ass.