De Maximalpräis fir de Liter 98er Bensinn geet e Mëttwoch um Hallefnuecht ëm 1,6 Cent op dann 1,565 Euro de Liter erop.

Zanter der leschter Hausse lescht Woch, ass de Präis vum 98er ëm am Ganzen 34,11 Prozent op ee Joer gekuckt an d'Luucht gaangen.

Och beim Mélange 2-T gëtt et eng Hausse vun 1,6 Cent op dann 2,088 Euro de Liter.

A wann den Trend wéi an de leschte Wochen esou weidergeet, kann een dovun ausgoen, dass den Diesel an den nächsten Deeg och wäert nozéien.